"UM STAMINET vum Pir Kremer "eine Sendung auf RTL vom 26.6.1994

 

UM STAMINET Vum Pir Kremer

 

Sonndeg, den 26.6.1994                                              Persounen : Tata Sidoni a Michel

 

..........

Sidoni:         So Michel, wéi as et dann mat där neier Regierung. Du als ale Käercher bas dach sécher staark drun interesséiert, wien d'Kultur des Kéier kritt?

Michel:        Wéi dat dann?

Sidoni:         Schon aus Lokalpatriotissem ... Ech hu gelies, déi Käercher Schlassfrënn setzen sech de Moment jo ganz energesch an, fir d'Buurg virum Verfalen ze erhalen...

Michel:        Se hun et awer mat enger zéier Band ze din ...

Sidoni:         Ech hun des Woch en Artikel an enger Revue gelies, a viirgëschter huet de Brauns Josy an engem Tageblat, an engem ganz flotten Artikel, eng Lanz fir d'Gréiweschlass gebrach. Déi Käerchezr wëllen d'Buurg retten ...

Michel:        'T gët och déck Zäit. Soss geet et wéi ëmmer ...

Sidoni:         Wéi, wéi ëmmer?

Michel:        Wéi eise léiwe Pappa Stat et ëmmer mécht. E kuckt ëmmer joërelaang no, wéi eis Kulturgidder verfalen, verfaulen a futti gin ...

Sidoni:         An e fänkt un ze retten, wann nët méi vill ze retten as ...

Michel:        Oder bis et ganz deier gët. Wéi s'et mat der family of Man gemeet hun. Déu hu se jo, wéi et schéngt, och joërelaang doeruechter trëllen, verkommen a verknaschte geloss, bis et Milliounen a Milliounen kascht huet, fir se ze restauréieren ...

Sidoni:         Déi Käercher Schlass-frënn, hun ech gelies, géiwen nawell selwer eng Hand matupaken, wann se Sponsore géiwe fannen déi hinnen d'Gelder géiwe bréngen ...

Michel:        Wësst der wéi et mam Käercher Schlass as,

Sidoni:         Neen ...

Michel:        Dat Käercher Schlass gehéiert dem Staat ... An ech fannen et schumme_______ häfteg, dass Idealisten, bei de de Stat musse biedelen a fechte goën, fir dass en, wat jo selbstverständlech wir, selwer no sengen eegene Saache kuckt ...

Sidoni:         Dat fannen ech och ...

Michel:        Wann e Privatmann säin Eegentum esou verfalen a verkomme géif loossen wéi de Stat dat mécht, op dee géiwen d'Leit mat de Fangere weisen...

Sidoni:         De Privatmann as och responsabel fir séng Saachen ...

Michel:        Dem Stat as et wéi et schéngt égal op eng vu sénge Burgen verkënnt a verfällt ... Et as him, wéi et schéngt, och égal op a wéini eventuell, engem Tourist dien d'schlass besicht, e Steen op de Kapp fällt.

Sidoni:         Beim Stat as kee responsabel ...

 

Search

1993-2013
2014-2018
2019