De Jumdeckel / 39 - 2013 ■

....op ee Wuert

Deslescht war an eiser Gemeng e grousst Ereegnes, wei am Schlass offiziell de Stee gesat gouf. Prominenz ass ugetruede fir bei dessem Ereegnis maldeel ze huelen, Mme Buergermeeschter a Mme Kulturministesch waren op der Platz.

Kulturell a Touristesch gesinn ass dat e grousse Schratt fir eis Gemeng.

Dat ganzt hunn mir awer virun allem engem Veräin aus eiser Gemeng ze verdanken, an zwar de Schlassfränn, dei mal hirem grouss Asaz bewisen hunn dat een eppes op Seen stelle kann. Duerch jorelaang Zäehechkeet a Bess hunn si et fäerdeg bruecht, dat d'Leit ausserhalb vun eiser Gemeng op Schlass opmierksam gi sinn. Ee grousse Merci un si.

Den Tempus, de Schlassfrenn an der Zesummenaarbecht mat de Pompjeeen op Been gestallt hunn ass een Erfolleg a bleift eis hoffentlech nach laang erhalen.

Eis Pompjeeen haten dest Joer och eppes ze feiere, dei dräi Goren ( Käerch, Giewel, Gelzen) hunn 100 Joer gefeiert. Merci un si fir hir Benevol Aarbecht dei si an der Gemeng leeschten.

Käercher Musek wenscht deenen zwee Veräiner, Schlassfrenn a Pompjeeän nach weiderhi vill Erfolleg fir hir weider Asätz an der Gemeng.

powered by social2s