Käercher Schlassfrënn

Käercher Schlassbuet

eng Publikatioun vun de Käercher Schlassfrënn  2020 / 02

 

 

 

 

Wat leeft am Käercher Gréiweschlass?

Duerch déi aktuell Corona-Kris hu mer ons Generalversammlung, déi op den 18. Mäerz fixéiert wor, annuléiert. Natierlech hu mir gehofft, datt et dobäi géing bleiwen, mee et sollt nach méi schlëmm kommen. Ons Regierung … an dat wor an déier Situatioun déi eenzeg richteg Decisioun ... huet beschloss, all Manifestatitiounen bis den 31. Juli ze verbidden. Betraff vun déier Decisioun sinn :

  • Concerts de Koerichden 17. Mee an den 21. Juni. Béid Concerten ginn op den 11. Oktober 2020  (Quatuor Louvigny) an den 18. Oktober 2020
    (Kae Shiraki, Sandrine Cantoreggi a Leo Halsdorf) verluecht.
  • Kino am Schlassden 11. Juli 2020.
    Dës Manifestatioun, gëtt op 2021 verluecht.
  • Concert Menina & Meninasden 19. Juli 2020.
    Dës Manifestatioun, gëtt op 2021 verluecht.
  • Beautiful Decayden 22. an 23. August. Dës Manifestatioun gët op den 29. an 30. Mee 2021 verluecht.
  • Tempus Mediaevale  den 19. an 20. September. 2013 wor déi leschten Editioun vun dësem beléifte Mëttelalterfest an no de villen Aaarbechten sollt et dëst Joër erëm lass goën … och den Tempus Mediaevale gëtt op den 18. an 19. September 2021 verluecht.

Och bleift d'Käercher Gréiweschlass bis op Weideres fir Visite gespaart.

Mir hoffen, datt Dir de Käercher Schlassfrënn trei bleift an ons och weider mat enger Memberskaart ënnerstëtzt andeems Dir minimum 10 € op den CCPL LU60 1111 1153 4007 0000 vun de Käercher Schlassfrënn a.s.b.l. iwwerweist.

Wann Dir weider iwwert ons Aktivitéite wëllt informéiert ginn, dann deelt ons Är E-Mail Adress op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!mat.

Mir wënschen Iech all Guddes fir déi nächst Méint an hoffen datt mir ons  gesond erëmgesinn.

 

En neie Flyer iwwert d'Käercher Gréiweschlass

Fir wann et 2021 erëm lass geet, hunn d'Käercher Schlassfrënn e Flyer publizéiert mat aktualiséierten Texter (Däitsch a Franséisch) a flotte Fotoën.

 

Das Gréiweschlass in Koerich,
Buch publizéiert vun de Käercher  Schlassfrënn
( 15 € mat Versand). Bestellen iwwert Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

oder  um Telefon 30 85 09 (Répondeur).

D'Buch fannt dir och an der Librairie Ernster zum Präis vun 12 €.

 

  •  

Search