Pir Kremer Photo Wolfgang OsterheldQuelle Luxemurger Autorenlexikon

 

Vläicht hat de Pir schonn deemools d`Iddi fir säi bekannte Futtballreportage tëscht dem FC. Schinnegcbees an dem Sportsveräin Flappech oder fir säi Lidd  

Wa mir Futtball spillen.. Jiddefalls huet hien a jonke Jore schonn ugefaangen, fir déi Käercher Musek Sketcher ze schreiwen.

De Pir wor an der Stad an der Handwierkerschoul a spéider huet hie bei Pont-et Choossi geschafft, wou hie fir de Budget zoustänneg wor. Och dat fënnt een a sengen Texter rëm. Do ass zum Beispill D'Ĺach, ee vu senge beschte Sketcher, oder och vlāicht dat Gedicht Valselente:

Et soll Kantojeesbal sinn,

t’ass näischt draus ginn,

si hu keen Orchester fonnt,

dee lues genuch spille konnt.

1947 huet hien d`Alice kenne geléiert, an 1948 hunn déi zwee sech bestuet.

1951 si se an d`Stadgeplënnert, an 1956 ass d”Daniële op d'Welt komm.

De Pir wor e gudde Familljepapp, deen iwwregens phantastesch Quetschentaarte konnt baken,

1958 gouf zu Zéisseng duerch de Gaart an Heem eng Theatergrupp gegrënnt, a kuerz duerno huet de Pir hei matgemaach. Am Dicks senger MummSéis huet

hien de Sproochmates an am Batty Weber sengem Kanonéier de PireliRumpa gespillt. Do huet hien och de LéonBlasen kenne geléiert.

An de Joren 1958 an 1959 huet den Nic Weber de LéonBlasen ugestallt, fir e puer Hörspiller a Lëtzebuerger Sprooch fir de Radio ze preparéieren.

Dat éischt Hörspill, Wat opgeholl gouf, wor Den Hellege Schetzel vum Pol Weitz, an deen éischte Saz virum Mikro vu Radio Lëtzebuerg, deen de Pirgesol huet,

wor: Laudetur Jesus Chrístus. Et wor dat den 1. Februar 1960 owes em néng Auer. De Pir hat awer schonn 1957 an engem Michel~Rodange-Concours e Präis krit. r

säin Hörspill An Ongedanken

Méi bekannt gouf de Pir virun allem duerch säi Staminet vu Sonndesowes. D”Emissioun sollt am Fong geholl Bei der rouder Luucht heeschen. Et sollt e kuerzt Gespréich sinn, dat zwee Leit féieren, déi bei der rouder Luucht waarden.

Et koum anescht wéi geplangt an den éischte Staminet ass de 7. Juni 1964 iwwer d'Antenn gaangen. Et sollten iwwer 1800 Sendunge ginn……………

De Pir huet al Staminet ëmmer Samschdegmuers geschriwwen. Mëttes ass en dann opgeholl ginn. Wann hien an d`Vakanz gefuer ass, huet en e puer Sendunge mateneen opgeholl, sou datt déi Serie ni ënnerbrach gouf.

Vill Leit hunn och all Joer op dem Pir seng Sylvesterrevue gewaart, mat dier hie scho 1960 ugefaang hat.

1962 huet hie seng éischt Revue OJeemínee fir de „Lëtzebuerger Theater" geschriwwen.

Et sollten der nach vill, ganz vill nokommen. De Pir wor op ee Coup ee vun deene beléifste Schreiwer an der Geschicht vun der Lëtzebuerger Revue.

Ech selwer hunn ugangs deene siwwenzeger Jore Sketcher fir den „Hei-elei“ geschriwwen. D`Regie huet deemools den TunDeutsch gefouert, an d”Produktioun wor an den Hänn vum Jos Pauly„ Och de Pir huet do matgeschriwwen, a sou hu mir zwéin eis kenne geléiert. 1973 huel. de Pir mech gefrot, fir mat him d`Revue ze schreiwen. Et war nei, datt zwéin Auteuren d'Revue geschriwwen hunn: muncheree war skeptesch. Et gouf dunn eng Zesummenaarbecht, wéi ech se bis lo nach ni erlieft hat. Mir hunn diskutéiert, een huet deem anere seng Texter gewisen, Pointe goufen ausgetosch. Ech hunn deemools ganz vill vum Pir geléiert, an et wor den Ufank vun enger ganz perséinlecher Frëndschaft, déi iwwer fënnefanzwanzeg Joer gedauert huet an ni duerch iergend eppes a Fro gestallt

D`Resultat vun dëser Zesummenaarbecht ass net ausbliwwen. D`Revue 1974 gouf e groussen Erfolleg. Et wor och dat Joer, wou de René Pütz fir d`éischt matgespillt huet. Duerno huet et nach dacks geheescht: d`Revue vum Joer vu PIK a POP

De Pir wor e ganz āissegen Auteur, a mat de Jore koumen eng ganz Rei Bicher

mat sengen Texter eraus. Et woren dat:

197 lzZesummegepíktes (Bourg-Bourger Lëtzebuerg);

1976: Repíkéirtes (idem);

1982: Nogepiktes (idem);

1984: Kanner feire frou Fester (RTL-Editions);

1989: PIKAS (EditionsPhi zesumme mat der Lëtzebuerger Kabarets-Entente):

1994; Méi wéi honnert Pärelen ( Editions des CahiersLuxembourgeois).

De Pirhuet méi wéi 200 Lidder geschriwwen, wou besonnesch de Jean-Pierre Kemmer d'Musek derzou gemaach huet.

Vill vu senge Lidder sinn op Disken erauskomm a goufe richteg Volekslidder.

Dës Lidder sinn heiansdo méi bekannt wéi de Pir selwer, d`Leit sange se ouni ze wëssen, wie se geschriwwen huet. Wa mir haut um Radio d'Melodie vum Madelonhéiren, dann denke mer net un dat franséischt Vollekslidd, mee un d`Lidd vum gekachte Kéis. Muncheree weess net, datt dat en Text vum Pir ass

De Pir Kremer wor regelméissege Mataarbechter vun de Cāhíers Ĺuxembourgeois, wou bis zulescht Gedichter vun him erauskomm sinn. Hie wor och Member vum Institut Grand Ducal, section des amis et des lettres, wou hien d'Keess gefouert huet.

1988 huet hie vun der Actioun Lëtzebuergesch d”Sëiwerplaquette ,.Dicks-Lentz Rodange“ fir seng Verdéngschter fír d’lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht kritt.

Bei dëser Geleeënheet huet hie wuel eent vu senge beschte Gedichter fir d”éischt virgedroen.

Ech koum vum Duerf, d'Sprooch, déi d`Leit do schwätzen, hat ech gāren.

Déi einfach Sprooch vun där ganz vill an héichgeléiertt Hären

behaapten, se  wier arem,a si wier beileiwen

net ze gebrauchen fir ze dichten an ze schreiwen.

Ech hu probéiert an hei an do en Ee geluecht.

Ech ginn et zou, eng Poésie hunn ech ni fäerdeg bruecht,

ma vläicht. ass iewer alt eppes kléngs mer gelong,

trotz mengem steiwe Buedem un de Schong.

De Kréimesch Pir wor e wäitgereeste Mann an e grousse Frënd vun der Konscht.

Op ville Vernissagen huet een hie gesinn. Dat hat eppes mat sengem Käercher

Schoułmeeschter ze dinn, huet e mir mol verzielt,

De Jules Christophory schreiřt:  .. Op all Verníssage freeën ech mech hien hannen am Eck ze gesinn: dee luussegen Duerfjong, an d’Stad verschloen,dee mat interesséierten a schelmeschen Aen op déi grouss a politesch Bühn eropbíicht, an deen da spéider mat senger gehäerzter Sprooch a sengem houbichenen Humor sou munchen opgeblosene Fräsch - um Pabeier oder vírum Mikro - op seng richteg Dimensiounen zeréckstutzt……………

Ech hu vill Liesunge mam Pir zesumme gemaach an eppes ass mir bei him opgefall: De Pir wor e Mann vum Radio a vun der Bühn Seng Gedichter goufe geschriwwen, fir virgelies ze ginn. Am beschte wore se, wann hie se selwer gelies huet.

Wann de Pir vu sech selwer schreift, hien hätt ni Poesie fäerdeg bruecht, dann huele mer him dat net esou einfach of. En huet eng ganz Parti vun Texter geschriwwen, déi voller Poesie sinn.

Ech dreemen dacks en Dram

Vun engem Paradäis.

Et gi  keng Räich, et gi keng Aarm.

E1 gi keng Schwaarz. et gi keng Wäiss,

Et gëtt kee Krich, kee Sträit.,

Et gëtt kee Kniecht, keen Här.

Mäín Dram, dat ass en Eck,

Wou ee sech sécher fillt,

E klengen, grénge Fleck,

Wou e klengt Meedche spillt.

Wann och a senge Kabaretstexter, voll vu Spott an Ironie, kléngt ëmmer e grousst Stéck Mënschlechkeet mat. De Pir huet vill gePIKt, awer ni blesséiert, an et mierkt een, datt hanner senge satireschen Texter a Lidder e Mënsch stoung mat engem ganz, ganz groussen Häerz. Sou wäerte mir hien och an Erënnerung behalen.

Quellen:

PIKAS, Editions PHI. I986

Méi wéi honnert Pärelen, Editions Cahiers Luxembourgeois, 1994,

 Quelle : www.kaerchermusek.lu

T gët keen,dee Kréimesch Pir nët kennt.
Hien as e liewegt Monumnent.
Hien huet gepikt a repikéiert,
de Geck gemaach,mee ni blesséiert.
Vun all deem,wat d'Regierung dreift
A wat deem kleng Mann nach bleift,
vu Pont et Schoossi a vu Steiren,
vu Kanner,déi frou Fester feiren,
vun allem huet de Pir geschriwwen.
Hien as dobei bescheide bliwwen.
Hien as nach haut dee Käercher Jong
Mat steiwe Buedem un de Schong.

Search

1993-2013
2014-2018
2019