D'Käercher Schlassfrënn soen all de Leit, déi derzou bäigedroen hunn datt den Tempus Mediaevale 2023 alt erëm e grousse Succès wor, en décke Merci. Nëmmen duerch d’Hëllef vun de ville Fräiwëllegen, der Gemeng an och onse Sponsoren ass et méiglech, datt d’Käercher Schlassfrënn esou Aktivitéite kënnen organiséieren. Och e grousse Merci un d’Museksgruppen, d’Artisten, d’Aussteller déi all zur gudder Stëmmung bäigedroen a fir eng flott Ambiance gesuergt hunn. Mir freeën ons elo schonns ob déi nächsten Editioun vun Tempus Mediaevale, déi de 14. a 15. September 2024 stattfënnt a mir géifen ons freeën, iech och op onsen nächste Manifestatiounen am Gréiweschlass begréissen ze kënnen.